Schlagwort-Archive: Communiqué vom Wirtschaftsministerium

08.03.2021 Herpesvirus bei Pferden in Luxemburg

Bannent de leschten Deeg goufen et an Europa e puer Fäll vum Equine-Herpes, wat zu Annulatioune vun enger Partie Reitturnéier gefouert huet.
Wéi de Landwirtschaftsministère matdeelt, gouf elo en éischte Fall am Grand-Duché gemellt. D’Administration des services vétérinaires gouf doriwwer informéiert.
D’ASW betount, dass de Virus net vun Déier op Mënsch kann iwwerdroe ginn. E Päerd kann duerch direkten oder indirekte Kontakt mat engem aneren ugestach ginn. Den EHV-1 stellt e sanitäre Risk duer, well den Herpesvirus immens ustiechend ass.
Bei Verdachtsfäll oder confirméierten Infektioune sollen d’Besëtzer a Récksprooch mam Déierendokter déi noutwenneg Mesuren ergräifen, fir ze verhënneren, dass weider Päerd infizéiert ginn.

Communiqué
08.03.2021 Herpesvirus bei Pferden in Luxemburg weiterlesen