Nachtrag: Eischt offiziell Landesmeeschterschaft am Westernreiden zu Lëtzebuerg

JCS: Den 9. September 2001 wor d’Landesmeeschterschaft am Sprangen, an der Dressur, an och fir d’éischte Kéier am Western Riding, wou Reider an dräi Disziplinnen ugetrueden woren:
· de Western Pleasure, bei dem ët op d’Gangarte vum Päerd ukënnt
· den Trail als Geschécklechkeetsprüfung
· de Reining, déi sougenannten Amerikanësch Dressur, déi och vun der Reitsportfederatioun FEI unerkannt ass.

Ier ët awer richteg lass goung, war Samsdes owes spéit nach e Problem ze léisen. Eise Riichter Jeff Delaet (aus der Belsch) war mat sengem Auto an Däitschland hänke bliwen. Hie war um Wee zreck vun engem Turnéier zu Dortmund. Mat ausgemater Saach hu mer dun eng däitsch Firma fonnt, déi hien nach an der Nuecht mat sengem Auto (an engem futtissen Alternator) op de Parking vum Hotel Rix oofgeschleeft huet. Du war ët awer mëttlerweil dräi Auer moies.

Sondes moies awer huet een dem Jeff seng Middegkeet nët oofgesin. Um halwer Néng war hie prett. Um Programm stoung den 2. Laaf vun der Landesmeeschterschaft. Mir all waren natiirlëch e bessen nervös, schliesslëch ass ët jo eis éischt Landesmeeschterschaft gewiescht. Mir woussten och, wéi wichteg ët wier, dass mer am virgesaten Timing géife bleiwen. No an no huet ët sech awer rausgestallt, dass mer keng Zäit ze knapps, höchstens Zäit ze vill haten. Dat huet de Reider d’Méiglechkeet gi, fir hir Päerd kënnen an aller Rou oofzereiden.

Mëttes wor d’Finale, an zwar dobaussen ënner dem Dressurzelt. Fir de Reining ass awer decidéiert gin, fir an der Hal ze reiden. De Buedem ënner dem Zelt ass ze stompeg fir de Reining. Beim Sliding Stop, wou d’Päerd mat der Hannerhand duerch de Sand rutschen, kéinten sie matt den Huf am Buedem hänke bleiwen, a sech wéi don.

Nieft dem sportlëchen Deel wëlle mer och déi gutt Atmosphere mat den aneren Teilnehmer, de Sprang- an Dressurreider erfirhiewen. Et ass sech ze iwwerleen, op mir nët an Zukunft weider Turnéier an dësem Sënn sollen organiséiren, souzesoen multikulti.

Och um Plang vum Zesummeschaffen am Sekretariat war kee Problem. All d’Mataarbechter si gutt lanscht enee komm. Heiansdo huet souguer den een dem anere gehollef.

Sou ware mer dun owes beim Buffet all gudder Laun. Mir waren zefridden, dass dat Evenement sou gutt iwwer d’Bühn gange war. E puer Lapsussen hei an do, mir mussen ët zougin, mussen nach an Zukunft evitéiert gin.

Op jidde Fall wäerten all eis Reider hir Päerd op de begeeschterten Applaus an d’Ruffen vun de Leit bei der Eierung vun de Championen virbereden.

Resultate

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert