13.12.2011 Salut an addi Heng

Eng traureg Noriicht kruute mir, den Henri Schmit, bekannt ënnert dem Numm den Heng huet eis verlooss. Keen Turnéier ass hei zu Lëtzebuerg vergaang wou hien net omnipräsent war. Als fréierenCooéquipier an als gudde Frënn drécken ech heimat senger Famill mäin Bäileed aus.
Mir hunn flott Stonnen zesummen verbruecht um Fetschenhaff, et mengt een et wier gëschter gewiescht. Heng, mat 63 Joer hues du ons verlooss, de Lëtzebuerger Reitsport huet erëm en treien Unhänger verluer, a mir e gudde Frënn. Salut an addi Heng. Pol Zeutzius.



LZKPS-Banner


60

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert