Den Tour de Luxembourg aus der Siicht vun engem Päerd&

Et ass Samschde moien, ech komme vun der Wiss a gesinn: den Unhänger ass ugehaang an dWallis gepak. Wéi ech e bësse méi spéit aus der Remorque klammen an all meng Kollege gesi bei der Kockelscheier Äispiste stoen, muss ech wiehere vu Freed. Juhu, et geet erëm op den Tour! Den Départ ass wéi ëmmer e bëssen hektesch well net all dPäerd wësse wat se erwaart. Se sollen eis aalen Huesen einfach hannendrun trëppelen, mir weisen hinne schonns wéi dat geet.


Mat engem flotte laangen Trapp am Beetebuerger Bësch an enger schéiner Mëttegplaz ass deen éischten Dag schnell verflunn an zu Leideleng waart op eis eng grouss Wiss an op dReider e leckere Buffet.

Deen zweeten Dag geet et viru Richtung Garnech. Zimlech spektakulär ass dobäi, dass mir mussen duerch en Eisebunnstunnel goen. DEtappe ass laang a mir si frou wéi mer owes op eng säfteg Wiss dierfen an eis Reider mat guddem lëtzebuerger Kascht verwinnt ginn.

Viru geet et den Dag drop op Schweech. Hei musse mer e puermol queesch duerch dDuerf lafen, well dWisen, dSuedelplaz an dSchlofplaz fir dReider sinn zimlech verspreet, an eis Leit kënnen net schnell genuch Waasser bréngen sou duuschtereg wéi mir sinn. Dofir hu mer awer nach ëmmer Chance mam Wierder gehat, an dReider kruten owes lecker gegrillt.

Déi nächst Etappe ass zimlech kuerz, an et si vill Harespelen ënnerwee. Op der Wiss zu Tënten hu mir niewent eis en Trapp Kéi an der Wiss stoen, déi hongereg iwwert den Drot kucke wa mir eis Kären kréien. Gutt ausgerascht geet et den nächsten Dag weider op Stroossen, wou mir mat engem grousse Koup Hee an dReider mat engem Apéritif empfaang ginn. A schonn ass dee lëschten Dag do, no engem herrleche Galopp wou ee sech mol rëm richteg strecke konnt, kritt déi gutt Laun op der Mëttegplaz leider séier en Enn et fänkt un ze reene wéi mat Eemeren. Trotz Decken a Reemäntel komme mir naass bis op dHaut a gutt erkaalt zu Steesel un a kënnen et net erwaarde bis mer dréchen am Unhänger an dann am Stall stinn.

Den Tour war wéi ëmmer vill ze séier eriwwer, mee et gesäit een dKollege jo erëm spéitstens dat nächst Joer! (th)

Zur Homepage von Luxembourg à Cheval>>



LZKPS-Banner


60

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert