24.3.2006 Treffen vum Araberverband ze Letzebuerg

Treffen vum Ziichterbeziirk
Pfalz – Saar Lux
Freideg, den 24.3.2006 um 19h30

Leiw Ziichter, Reider an Frënn vum arabeschen Pärd,

an der Generalversammlung vun eisem Beziirk den 14.01.2006 ze Kestert (Pfalz) ass en Accord fonnt gin, daat dei 3 Regiounen Pfalz, Saarland, Lëtzebuerg – mei enk zesummen schaffen wellen. Dësen eischten Schrëtt gett elo emgesaat, wou mier en Treffen ze Lëtzebuerg hun, an zwar den:


Freideg, den 24.3. 2006 um 19h30 am Café – Beim Zeutzius och als “Fetschenhaff” bekannt 71 route de Tréves 2630 Lëtzebuerg Cents

Eng festgeluechten Daagesourdnung gett et net, well mier eis vir deischt wellen besser kennenleieren. Brengt äer Ennerlagen, Fotoen, Prospekter vun ären pärd mat well mier och Erfahrungen, duerch äer Ideen wellen austauschen. Natiirlech sin net nemmen Letzebuerger angelueden, mee och eis Araberfrenn aus der Pfalz an Saarland vir en gemittlechen Owend ze verbrengen.

Enner anerem ass déi 2. Viirsetzend vun eisem Beziirk – Mme Andrea Klein – eisen Keessier – Mme Elke Theobald – den Alfred Rauber an Tobias Hans mat dobäi.

Desen Breif geht un Memberen vum VZAP, mee dir sidd härzlech angelueden nach Net-Memberen dei grad esou Araberinfizeiert sin wie mier, matzebrengen.

Ech gief mech freen, wann ganz vill Leit op desem eischten Treffen mat dobäi wären, an vergiesst net: och äer frenn an bekannten dei nach net vill mam arabeschen pärd ze din hunn, sin härzlech inviteiert.

Mat engem scheinen Bonjour

Wolfgang Eberhardt

fir weider Informatiounen kennt dir iech gär nach un Tanja Rinnen, enner riversidearabians@nullyahoo.de wenden



LZKPS-Banner


60

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert