Rapport iwwer eist Turnéier vum 3. bis den 5. August 2001

Vum 3. bis den 5. August hate mier beim Alain Molitor zu Uewerdonven e Westernreitturnéier organiséiert. Mir, dat sin 3 Veräiner: WRAL (Western Riding Association Luxembourg), QHAL (Quarter Horse Association Luxembourg) a PHAL (Paint Horse Association Luxembourg).
D’WRAL ass e Klubb, deen d’Westernreiden allgeméng ënnerstëtzt, während d’QHAL an d’PHAL vrun allem gewësse Rassen (de Quarter Horse an de Paint Horse) wëlle promoten. D’WRAL ass unerkannt bei der FLSE. D’QHAL an d’PHAL sin offiziell Partner vun der AQHA an der APHA wat déi 2 “Organisations mères” an Amerika sin. Ze bemierken ass och, dass un d’WRAL nach e weidere Veräin ugegliddert ass: d’ROL (Reiners of Luxembourg). D’ROL ass an Amerika bei der NRHA unerkannt, der National Reining Horse Association.

Freides den 3. August hate mer je eng Quarter-, eng Paint- an eng Show fir all Rassen. De Riichter war de Jeff Delaet aus der Belsch, dee bei der AQHA, der NRHA, an och der FEI als Riichter unerkannt ass. Freides war en zimlëch rouegen Dag.

Samsdes a Sondes war dun eppes méi lass. Op dësen 2 Deeg hate mer bei de Quarteren an de Painten eng sougenannten double-pointed show mat 2 Riichter. Jidder Riichter gëtt säin egene Score. All Reider kritt also 2 verschidde Scoren. Hien huet also d’ Méiglëchkeet, fir och zweemol Punkten ze kréien! Riichteren waren de Kanadier Lyle Jackson an den Amerikaner John Abrams.

D’Wieder huet eis e klenge Strëch duerch d’Rechnung gemat. Mir haten decidéiert, mier géifen den Trail dobaussen opriichten. Trail ass eng Art Geschécklëchkeetsprüfung, wou d’Paërd eng Partie Obstaklen iwwerwannen muss, z.B. iwwert eng Bréck gon, duerch eng Diir gon, iwwer Staange gon, asw. Sou interessant wéi déi Klass ass, brauch een awer seng Zäit fir dat Ganzt opzeriichten. Wéi dunn alles dobausse stoung, huet ëtt natiirlëch ugefangen ze reenen.Also hu mir alles oofgerappt an dobannen opgeriicht!

Am Ganzen hate mer 138 Päerd, déi an insgesamt 711 Klasse gestart sin. Domat hu mer eis laut den Aussoe vun de Riichter nëtt missen hanner enger duerchschnëttlecher amerikanescher Show verstoppen. Vill Reider koumen aus dem Ausland: der Belsch, Holland, Däitschland an och Frankräich.

Enzel Klassen waren natiirlëch extra gudd besicht. An der Haaptsaach sin dat de Reining, de Pleasure an dee scho virdrun erwähnten Trail.

De Reining profitéiert sécherlëch vu senger Unerkennung bei der FEI. Populär ass en awer och duerch seng spektakulär Manövren: de sliding stop, de spin an de Rollback. Mir haten mer dann och eng Reining Klass mat 18 Starter.

De Pleasure kéint een als eng Art “Abteilungsreiten” definéiren. D’Päerd gin op dem Huffschlag an hiren 3 Gangarten Schrëtt, Trab a Galopp virgestallt. Bewert gin dem Paërd seng Gangarten; d’Päerd soll sech esou bewegen, dass ëtt e Pleséier ass fir ze reiden, also relax, entspaant, an awer versammelt. An der Pleasure hate mer eng Klass mat 15 Starter.

Opgefall ass eis och, dass mer grouss Jugendklassen haten. An der Western Horsemanship, enger Klass, wou de Reider op seng Fähegkeet bewert gëtt, e virgeschriwwenen Pattern mat Gangwiesselen an Zirkelen reit, hate mer z.B. 11 jugendlëch Starter.

Op enger Westernshow ginn ëtt och englësch geridde Klassen, sougenannten Hunter Klassen. Dëss Klassen gin och am klassëschen Reitdress geridden, woubäi d’Paërd och e klassësche Suedel opleien huet. An dëse Klassen gin d’Gangarte vun de Päerd bewert. Je nodem ass och e Sprong dobei. Dëss Klassen sinn nëtt grad esou populär ewéi z.B. de Reining, mee mir haten awer och englësch Klassen mat 8 Leit.

Samsdes owes war den éischte Laaf vum Benelux Pleasure Cup. Hei hun sech déi national Westernreitverengegungen aus der Benelux zesumme gedin, fir eng Benelux Pleasure Meeschterschaft ze organiséiren. Ett sin dëst fir Lëtzebuerg d’WRAL, fir d’Belsch PRAB (Pleasure Riding Association Belgium) a fir Holland d’WRAN (Western Riding Association Nederland). Den 2. Laaf ass an Holland, an d’Finale ass an der Belsch.

Mat eisen däitschen Noperen hate mer e Reining Laf zesummen organiséiert, sou dass mer och eng Partie Reider aus Däitschland dobei haten. Organisateuren woren fir Lëtzebuerg d’ROL, a fier Däitschland d’NRHA Däitschland.

Sondes hate mer dun eng Klass, déi extra vill Leit ugezun huet: No der Mëttespaus hate mer fir déi Klengst vun dene Klengen eng Lead Line Klass. D’Kanner sëtzen hei um Päerd, mat den Zigelen an der Hand, mee d’Paërd gi vun engem Erwuessene um Halter geféiert. D’Kanner gin op hire Sëtz bewert.

Last but certainly not least wéi eis englësch Kollege géife son, wëlle mer eis FLSE Klassen nëtt vergiessen. Dëst war eist éischt Turnéier op dem mer offiziell FLSE Klassen ugebueden hun. Et woren nëtt eis déckste Klassen, mee den Interessi war do!

Op eiser Hompage www.qhal.com hu mer iwrejens och eng ganz Partie Fotoen vum Turnéier. Avis aux amateurs!

Mir son och all eise Sponsore merci, vrun allem eisem Haaptsponsor der GAMM VERT, ouni déi mer dat alles nëtt hätte kënne realiséiren.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert