24.-26.09.2004 Oktoberfest in Alzingen

SPEZIELL OFFER FIR ALL VERAINER, ASSOCIATIOUNEN, BETRIEBER ASW. MAM BUS VUN VOYAGE WEBER GRATIS OP DOKTOBERFEST OP ALZENG!!!!!!

Den Weekend vum 24.-26. September 2004, organiséieren dPäerdsfrënn Uelzechtdall Hesper schon fir drëtten Kéier dOktoberfest zu Alzéng. Vum Original Paulaner Oktoberfestbéier servéiert an der Mass, iwwert dBreezen bis zur Weisswurscht, vun der Kirmesbud bis zur Oktoberfestmusek ass alles gebueden am groussen dekoréierten Festzelt.


Wëllt Dir dëst Joer och derbai sin wann Freidesowends dFass opgeschloen gët, wann ët dann heescht Ozaft is an duerno en onvergiesslechen Owend mat den beschtbekannten Winfried Stark und seine original Steigerwälder erliewen??? Den Winfried Stark an seng original Steigerwälder sin duerch vill Fernsehsendungen och hei zu Letzebuerg bekannt. Ausserdem hun sie déi zweeten Plaaz beim Grand Prix der Volksmusik kritt, sie hun 6 gëllen Schallplatten kritt, waren am Musikantenstadl, Lustige Musikanten, Superhitparade der Volksmusik asw. ze gesinn an ze héieren.

Mir bidden Iech elo eng emooleg Geleegenheet:

Ären Verain, den mellt minimum 30 Leit un, an mir kommen Iech gratis mat Voyages Weber vun Kanech heem an är Uertschaft sichen, an furen Iech zum Schluss vum Owend erëm heem. Den Départ kënnt dir selwer bestëmmen. Den Entréespräis vum Owend betrëfft pro Persoun 15 Euro, do ass als Geschenk en Gedrënksbong vun 6 Euro abegraff & een reservéierten Dësch pro Equipe.

Falls dës Offer Iech interesséiert, dann mellt iech mam Coupon-réponse (Klick hier) bei eis un. Fir weider Froen oder Informatiounen kënnt Dir den 091 36 02 75 unruffen. Verbrengt och Dir mat Äeren Frënn en schéinen Owend zu Alzéng bei den: Original Steigerwäldern

OPGEPASST: DÃ9S OFFER ZIELT OCH FIR SAMSDES MAT: DIESEL ON TOUR & THE MUSKETEERS

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert