04.03.2018 Generalversammlung beim Club Hippique de l’Oesling

De Komité: Patrice Rickal, Veronique Kreins, Noah Leyder, Pol Linden, Chris Leyder (Junior Chef), President Roger Leyder, Guy Franziskus, Léonie Neyen, Annick Waaijenberg, Romain Braquet, Sekretärin Dani Schanck, Keessière Tessy Braquet, Sonja Bakx.
Foto Klaus Morheng

 

Generalversammlung huet stattfonnt am Restaurant Lamy zu Elwen (Place to bee).

No der Begréissung duerch den President Roger Leyder an och vum Éierepresident Edgar Bettendorf mat de Remerciement un d’Memberen an déi Leit déi ëmmer hëllefen, un d’Gemeng an och un d’Sponsoren huet Dani Schanck e Réckbléck op 2017 gehalen, an un d’Turnéieren a Stagen erënnert déi alleguer e groussen Erfolleg waren.
Dunn koum den Ausbléck op 2018. Et ass eng Flutlichtanlag geplangt fir nach méi Méiglechkeeten bei den Organisatiounen ze hunn.
Dréi Turnéier sinn ugesot: 2 mol Sprangen an 1 mol Dressur woubäi och e Sprangen op internationalem Niveau virgesinn ass.
Weiderhin si virgesinn:
Stage um 27-29.04.2018
1 Mai Parcoursprangen
15 August Ausrëtt.
Als Ofschloss gouf nach mat engem Bouquet Blummen vum President der letztjähriger Sekretärin Patrice Rickal déi aus zäitlechen Grënn Sekretariat un d‘Dani Schank ofginn huet Merci gesot.
Den Keesebericht ass vum Tessy Braquet virgedroen ginn mat enger gesonder an positiver Bilanz an wéi ëmmer bis ob den leschten Cent korrekt. Dat gouf och vun den 2 Keeserevisoren bestätegt.
Bei engem gudden Patt an engem Iessen mat Kaffi an Dessert war nach en Austausch vun letzten Neiegkeeten an Anekdoten an e puer geselleg Stonnen ënner Frënn ugesot.



60


LZKPS-Banner

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert