Äddi Felix

Wie mir um freien Méindeg Moien di schlemm Nouvelle vun dengem Doud kruuten huet et eis getraff wie en Blëtz.
Dass du op eemol sou séier vun eis gaang bass, nodeems du esou laang couragéiertert gekämpft hues, konnte mer einfach net begräifen.

Wies du virun Joren fir déischt mat op den Tour de Lëtzebuerg gaang bass fir «eng Hand mat unzepaken» war et fir eis en richtegen Glécksfall : du waars immens hëllefsbereet, konns richteg gutt schaffen mat dengen groussen Hänn an waars iwwerdeems och nach onwahrscheinlech lëschteg.

Méi wie eemol hues du eis schon um Kaffisdësch laachen gedoen dass mir schon um 9 Auer moies den Bauch wei haten.

Deng Kanner Tamara an Jean-Marie sinn matt geridden mat hiren Pärd Baccara an Granit an du bass um Camion gefuer beim « Buedempersonal » .Däin gutt Martchen huet dech an deser Woch am August ëmmer missen entbieren well du hues dann nëmmen fir
den Tour gelieft. Mee domatt net genuch, hatt huet eis och vill gehollef, sou sidd dir eben: ëmmer do fir di aaner&..

Wann mir dann dëst Joer mam Tour op Tënten kommen, eng Etapp di dir um Häerz loung a wous du eis zesummen mat dengem Koseng a senger Famill schon alles an dWee geleet hues, dann bass du net dobäi. Et gëtt ni méi dat selwecht ouni dech !

An däin 2-Spänner Kutschengeschier, was du dir kaaft has iers du krank ginn bass kanns du net méi ausprobéieren, et hänkt nach fonkelnei bei iech am Keller.
Den decken Mann mam Baart a mam Hutt waart ni méi mat der Päerdskutsch fueren&

Dein Sproch « bëssen Verloscht ass ëmmer» ass traureg Realitéit ginn, an dengem Fall sinn et leider méi wie « 10% ».

Felix Simon,mir vergiessen dech ni a vermëssen dech elo schon ganz vill!

Am Numm vun all dengen villen Frënn vum

Tour de Luxembourg à cheval



LSR-Banner


LAC Sanem-Banner

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert