12.07.2003 Einladung

Am Cader vum Joer fir Mënschen mat enger Behënnerung si mer frou Iech op eise

Päerdsdag 2003

ze invitéieren Samschdes, den 12. Juli 2003

zu Canech am Päerdsstall Goergen

Et invitéieren : Lëtzebuerger Blannevereenegung asbl
Ligue HMC vu Réiden/Atert asbl
Hëllef ma Päerd asbl

Eise Projet

Mir presentéieren eise projet “Reide fir Mënschen mat enger Behënnerung”. D’Lëtzebuerger Blannevereenegung an d’Ligue HMC vu Réiden bidden zenter 1999 Reide fir blann a geeschteg behënnert Jonker an Erwuessener un.

Dëst ass méiglech oprond vun der Hëllef vun enger ganzer Rëtsch benevole Mataarbechter, déi sech an der asbl “Hëllef mam Päerd” zesumme geschloss hun.

D’Zil vun eise wëchentléche Reitstonnen ass net Hippotherapie, mee Reiden als Fräizäitactivitéit, wéi et op ville Plazen am Land ugebuede gëtt. Eis geet et drëm dem Mënsch mat enger Behënnerung e Sport ze erméiglechen, dee soss nëmme schwéier zougänglech wier.

Den 12. Juli wëlle mer eise Projet weise. Jiddereen ass wëllkomm! Déi behënnert Persoun, déi en éischte Kontakt mat engem Päerd wëll kréien, esou gutt wéi dee Jugendlechen, deen aktiv um Projet wëll matschaffen, wéi all aneren Vierwëtzegen deen just mol well laanscht kucke kommen.

– De ganzen Dag iwwer weise mer iech wéi een och Persounen mat enger Behënnerung de Reitsport ka méi no bréngen.
– Mir informéieren Iech. wann der wëllt en Hand mat upaken, oder en ähnléche Projet lancéieren!
– Mir ginn Iech Informatiounen iwwert eise Fräizäaitservice fir Blanner a Sehbehënnerter an deem sengem cader de Reitprojet leeft.
– Dir däerft selwer mat de Päerd a Kontakt trieden a äer éischt Versich um Päerd maachen.

De ganzen Dag iwwer ass beschtens fir Iessen and Drénke gesuergt! D’Animatioun iwwerhuelen zwee blann Musécker an suergen fir déi richteg Stëmmung.

Weider Informatiounen iwwer info@nullblannenheem.lu oder iwwer Tel: 021 314 700 (Nicolas Schmitz).



Manège Molitor-Banner


L\'Étrier-Banner

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert