10.09.2011 Reitfest auf dem Bouferterhaff

Reitfest um Bouferterhaff Route de Longwy – Bertrange e Samschdeg, den 10. September

No der langer an ustrengender Turnéiersaison, endlech emol gemütlech zesummesëtzen a feieren! E Reitfest fir all Pärdsliebhaber, Reider an och Frënn vum Bouferterhaff. Je no Wieder dobaussen um Paddock, oder an der Haal.

Festprogramm
Zwëschen 19.00 an 21.00 Auer:


Viirféierungen an der Piste
Wok-Rennen, Pony- Games, Sulki-Wäitsprung gezunn vun engem Ardennerhenscht, Pas-de-deux mat Lusitanos, Eenzel Dressurvirféierungen mat Warmblidder a Lippizaner, Dressur am Dammesuedel, Kutschenviirféierungen, Sprangprüfung Reider géint Mënsch, usw.

21.00 Auer:
Gemeinsamt Owesiessen vum Grill a Concert vun eise Frënn The little Blues band

Grouss Tombola mat flotte Gewënner Flouhmaart vu Pärdsgeschier

Ab 22 Auer 30: Danzowend



LZKPS-Banner


60

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert